Ech hunn de Foto Praxis net. Ech weess net wat do dran war, soss hätt ech et dobäi geschriwwe wann ech se nogemaach hätt.
D'Iddi ass mir komm, well ech eng Photo mat Uebst am Spruddel gemaach hat (Sparkling Fruits) an dat mir net bont genuch war. Dat mat de Faarwe niewent eneen ass jo quasi e Klassiker, dunn hunn ech mir geduecht, dann verbënds du dat mam Waasser.
Ob jidder Fall net bewosst kopéiert. Wenns du wéils kéints du mir d'Photo maile, et giff mech interesséiere wéi se ass? Merci
Ech hun Zeitung och nach hei um Desch leien wou se dran as. Mais ech fannen wann een dat esou gudd nomecht , as et ok. An als seng Idee sou eppes ze verkafen kéim dem ChLo jo bestemmt net an den Sënn , well alleng hei op Photogen wärten eng Mass Leit dei Zeitung och regelméisseg liesen... Da wier et deen Schoss no hannen
An desem Sënn awer : TOP-Foto !
Ech hun se och net an der Zeitung gesinn - an och wann, wou läit do den Problem ? Weivill Idëen gin dann an der Fotografie "geklaut" ? Eng Onmass. Et get dach kaum nach eppes daat wiirklech nei ass ...
Egal
Dei heiten ass op alle Fall super gudd ëmgesaat, mir gefällt se
Ech sin och der Meenung dass Immitatioun eng form vun Admiratioun ass, an dass een et sou ennert aanerem am beschte léiert. Mee Photographie mat Pizza Margerita ze vergläichen.. naja