Dei eischt Photo gefaellt mir am beschten.... ech well dat demnaechst och mol eng keier probeieren an hoffen dann och sou ee scheint resultat ze kreien...
Gudd, ech ka mer just nach virstellen dass méi kuerz Beliichtungszäiten nach e bësse méi Schärft beim Damp gin hätten, mee dat as schwéier soen mat sou wéineg Info iwwer Astellungen a Setup.
NEE! Domat erreescht een den Géigendeel. D'Beliichtungszäit as just wichteg fir d'Flaam. Mee fir den Damp zielt just wéi laang den Blëtz liicht. Dofir hun ech gefrot ob et Studio oder Speedlight Luuchte waren. Speedlights liichte méi kuerz wat se manner staark Blëtze mussen, Studio luuchten méi kuerz wann se méi staark Blëtze mussen. Wann een dat mecht huet een a béide Fäll Beliichtungszäiten déi méi kuerz sin wéi d'Verschlosszäit vum Fotoapparat et iwwerhapt kéint sin.
Den Problem as elo hei wanns de d'Studiosluuchten méi staark astells brauchs de méi eng kleng Blend, an dann kann d'Flaam sech net méi sou gudd duerchsetzen. Also géif et hei mat Speedlights besser klappen, an dann wat méi wat besser, wells de se dann kanns mat méi klengen Power-Astellungen benotzen.
Also nach eng keier fir matzeschreiwen, bei esou Fotoen soll een mat Speedlighten bletzen, waat mei waat besser an ob Voll Power?
Hun ech daat esou richteg verstaan?
An waat genau ereechen ech domadder? Iwwert 1/250s kann ech jo awer net goen well sos een Deel vum Bild weinst der Verschlossklapp schwarz ass.
Beliichtungszait sollt jo awer wa meiglech anch manner sin wann ech dech gudd verstaan hun...
D'Verschlosszäit as an déngem Fall just wichteg fir d'Flaam. So mer mol déi as fix op 1/250. Dat eenzegt wat elo ännert as d'Zäit während deer den Blëtz liicht. En Speedlight liicht méi kuerz wann en manner schaffen muss. Also benotz déng Speedlights op enger Astellung déi sou niddreg as wéi méiglech mee der awer nach genuch Spilles mat der Blend léisst.
ah ok, ech gesin waats te wells soen am ech fänken elo och un mat verstoen.
Den Fotoapparat geseit jo eh nemmen daat an de'er zait wou den Bletz un ass. An waat den Bletz mei kuerz geet waat en mei afreiert...!
Entwerder Speedl. kuerz dder ech muß Stuidobletzer bis hannen hinner obdreien fir ob deen selwechten Effekt ze kommen, mat der Konditioun ob daat meiglech ass fir Foto....!