Däi Point de vue hei mat der knapper Schärft op dem Reflektor vun der Barrière as ganz originell a gefällt mir gudd. Besonnesch well's du den Akzent op de Reeboustär geluecht hues, an awer as d'Ausliichtung vum Rescht och harmonesch. Et hätt jo och ze däischter kéinten ausgoen... Den Zuch as och op där richteger Plaz, fannen ech, wann een och streide kann, ob et gudd as, datt de Poste de conduite ofgeschnidden as. Mais vu datt et jo keng Dokumentatioun vun der Automotrice sollt sin, as dat niewesächléch. Ech froe méch just, wéi et gewiescht wier, wann s du mat e besse méi Déifteschärft an dofir Bewegungsonschärft um Zuch probéiert häss. z.B ISO Low 1 (also 100), Blend 16 an 1/100stel. Do häss du wahrscheinléch eng Iwwebeliichtung vum Reflex kritt, also wier dat awer net gudd gewiescht, ausser... Du häss 2 Fotoe gemaach an de Barrièresbam an di aaner eragesat.
Fazit: Mir gefällt déng Approche zur Bunn. Géi mol nach e besse weider op deem Wee!
Dat mat der bewegungsonschärft hat ech bei enger aaner Foto ch probéiert, mee dat ass mei standart, huet mer net su gudd gefall :-S firunallem well dan den hannergrond an alles vill mei scharf wär... leider huet Nikon keen ISO 6 wéi d'Kodak 14N dat wär flott fir sou experimenter! ISO 100 huelen bal nie, well do vill Dynamik verluer geet, ausser d'ass net anescht meiglech, wi z.B mat blend 1.4 an der Sonn. An zumools hei wär dann, wéis de och scho sees, den Reflex ausgefriess gin. Wärt der nach e puer man, mer man mat eiser Schoul nemlech e Projet fir d'CFL
Merci!
merci fir d'Platzen, ka sin dat di nach ganz netzlech gin!
Jo Grofiltren ass su eng Saach, bréicht der wirklech, mee mat su engem Däischtren Viseur an oppener Blend ass et och bestemmt netmi ganz einfach scharf ze stellen, well bei 1.4 geet et duer dats de op d'Gestell vum Brell schaarfstells, dat d'Aan hannendrun netmi scharf ass :-S muss dermol engkéier léien firdrun fir dat ze testen!
yesss!dei Foto rockt!!dSpill mat der Sonn an den just richtech scharf/onscharfen Hannergrond gefallen mer supergudd!
di einfach Rumm fannen ech och passend sou...
hmm..net soufill ze zielen wei den Nicon07, gefellt mer einfach gudd!
Wann ech mech net ieren ass dess Foto op den cover vun engem Buch iwwert d'CFL wat Schüler gemach hun? Ech war direkt begeechtert vun der Foto! (Y) Am allgemengen ass dat Buch ganz gudd gelongen!
Hmm, also si ass mol an engem Buch dran, mee um Cover net suwait ech wees, also mol net an deem Buch wu ech mengen. Mee d'ass e Buch wat meng Klass (12 Schüler) gemat huet d'läscht Joer...
Dat Buch wat ech mengen ass en A4 buch mat enger Foto den héige wee um Cover, eng vue de schinnen no, vun engem deen op de Schinne stung. Di nemmlecht Fotoen wuaren och firu kurzem op der Gare an der Stadt ausgestallt... Freet mech wann se der gefällt