Yeah! Däer maacht daat richteg gudd
Daat eenzecht wat ech mer keint anescht viirstellen: den Kabel vum Kopfhörer iergendwei sou faalen loossen dass en net dei eng Sait mat der Bretell vum Top quasi verleeft... ;o) (Lex ech vertrauen der dass de main Getuddels sorteiert kriss!)
Fir de Rescht ass alles top!
Ausser deem exzellenten Technischen ass de Schlëssel hei awer dem Roxane sei Bléck a seng Mimik: genau sou kuckt een fir konzentréiert können ze lauschteren.
An am Résumé di aal Devise: "L'oeil qui écoute...."
Ech fannen zur foto selwer natierlech rem naicht negatives ze soen
Ech wees net wei deng arbecht gestalt soll gin, mee mir kennt d'foto (och wann se lo reng technech deck gudd ass geif ech soen) en bessen flaach viir... weeste, su bessen en mangel un relief. Wei geif dat ausgesin mat enger rei cd'en an cd-keschten um buedem, oder mat lauter LPs...? Oder vlait eng kleng grapesch musiksnout, wann dat net zevill an den comic zitt?
Hmm... ech fannen wanns de CD'en odersou derbaimëss, iwwerfëllt daat d'Foto relativ séier an den Bléck gett zevill dodropp gelenkt. Hei fannen ech et eben grad deck cool dass et just vun der Pose, dem Bléck an eben dem Kopfhörer hier ass...
mee ech wees jo och d'Aufgab net
ok ech froen elo einfach den Lex mol net mee probeieren et ze erklähren esou wei ech et verstangen hun den Lex kann ierch dat bestemmt nach besser oder vleit anescht erklähren ...
also den Haaptsujet fun da Foto ass wannch at richteg verstagen hun Kopfhörer an net CD'en oder Schallplacken an amfong mol net Musek oK Musek geheiert dozou mee ass net dat Wichtegest et geet drem wei Musek durch Kophöhrer eriwwer kennt
Sin fro frouh iwwert dei Positiv kritik an dei puer verbesserungsvirschlei hoffen dass elo alles an bessen mei kloer gin an op een puer weider Komentarer
Hm, sou gesin ass main verbesserungsvirschlag natierlech drenierwt gaang, well wei den maimonides gesoot huet gesait den bleck wierklech gudd an echt aus, hues recht do geifen d'plaken dann iwerfellen, zumindest wann se scharf dropkommen geifen...
Ganz flott dat do ! D'Museklauschteren kënnt gudd eriwer.
vläicht zum Kabel eng Idee: nët hannen iwwert de Fouss mee einfach no vir aus dem Bild erauslaafen loossen....? Wees awer nët op dat bësser ausgesäit.
Soss, wann et méi em de Kopfhörer geet, firwaat nët méi no ru goën...dann ass de Kabel kee Problem méi, an den Ausdrock vum Gesiicht nach méi staark, wëll een nët vum Rescht ofgelenkt ass.
Wann e no fir gelaaf wär wär e flait nach mei opgefal? Mee beim Fouss hätt ech kennen wegretuschéiren maan dat dann nach! Eng vun méi no kent och flait nach no
Merci!